kréien. Wéi am Krich ass d’Geld dat, wat an der Léift den onséchere Sig sécher keeft, d’Schlässer opbrécht, iwwer Mauer a Buerg klëmmt, Wiechter aschléifert, Dénger an Déngschtmeedercher zum Schwätzen oder zum Schweige bréngt. Näischt lackelt méi wéi d’Geld. Mee andeem de Philip seng Sue fir si zur Fënster geheit huet, huet hie sech nach glécklech geschätzt. Nëmmen, dat war alles fir näischt; alles wat hie kritt huet war en dréchene Kuss op d’Hand, e kuerze Merci, en aarmséilege Luef, e seelene Säitebléck.
…
Weiterlesen...
